Theaterowenter 2018

Dëst Joer spille mir d’Stéck “Männer am Hierscht”

 

Mir heeschen Iech häerzlechst wëllkomm, freeën ons op Äre Besuch a wënschen Iech e puer flotter Stonnen, zesumme mat den Theaterfrënn aus Clausen.

 

Et gëtt gespillt am „Centre Culturel“ am Neiduerf den Sa 17.11 / So 18.11 / Fr 23.11 / Sa 24.11 / Fr 30.11 / Sa 1.12 ëmmer um 20h00 ausser Sonndes um 17h00.

 

Et spillen:      Baustert Joëlle, Dolinski Gaby, Eiffes Viv, Gessner Isabelle, Lépine Joanne

Lang Mike, Mallinger Johny, Muller Dan, Schommer Alex

Régie:            Stephany Claude

Assistenz:     Graffé Sonja

 

Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt.

 

Reservéieren kann een um Telefon 691 159 570.

 

 

Em wat geet et?

2 Männer, grondverschidden, sinn doheem eraus geflunn a lounen 2 Zëmmer bei enger Famill wou d’Fra d’Box un huet, de Mann näischt ze mellen a d’Meedchen en Aa op de Bréifdréier huet.
Da kommen och nach déi 2 Ex-Fraen mat hierer Affekotin, enger richteger Geldschlaang laanscht. Do fléien “d’Komplimenter” richteg déif an et léiert een nei Spréch déi een nach net kannt huet.

Analyse vun an iwwer Mann a Fra op top Niveau, oder och net …

Author: daniel

Share This Post On