Mir iwert eis

D’Theaterfrënn Mansfeldia Clausen ass eng Equipe, dei sech font huet, vir d’Léit, dei se kucken kommen, all Joer op Neit’s zum Laachen ze brengen. An daat elo schon vun 1984 un.

Ugefangen huet et, wou a Clausen nach Fuutball gespillt gin ass. Dun huet sech eng Rei vun Léit zesummen gesât an 1984 beschloss Theater an Clausen ze spillen. All Ufang wor schweier, verschiedener haaten schon Erfahrung, vun doheem an vum Fuutball’s Terrain, vir dei aner war alles nei.

Wou dun den Fuutball’s Club Clausen mat dem Verein vum Cent’s fusioneiert huert, ass en Theaterverein gegrënnt gin, an zwar den 14.05.1987.

All Joer gouf dun am November am Sall Auguste Liesch a Clausen Theater gespillt an gelieft. Haut sinn et 6 Owender mat iwert 700 Léit, an och soss am Land hun mer schon gespillt.

Wichteg Datum an deenen 30 Joer waren

  • 8 Dezember 1984: Spillen mir vir d’eischt an Clausen Theater
  • 14. Mee 1987: Grënnung vum Verain.
  • 2. Juni 1989: Aweihung vun eisem Prouwsaal a Clausen.
  • 1994: Quinzaine culturel 1994 zum 10 jähregen Bestohen vum Verain.
  • Vum 13 November 1996 un Sponsoring duerch MOUSEL’s Béier.
  • 9. Mee 1997: Aweihung vum erweiterten Prouwsaal a Clausen.
  • 1999: Bei den Theaterowender 1999 hun mer eisen 15 jähregen Gebuerstdag gefeiert.
  • 2004: Neie Logo + eisen Prouwsall get komplett renovéiert.
  • 2004: war eisen 20. Gebuertsdag.
  • 15. Mee 2004: Mir gin online op www.theater-clausen.lu.
  • 2009: Mir feiren eis 25 Joer
  • 2009: Die lescht Opfeirung am Salle Auguste Liesch an Clausen
  • 2013: Neien Site am neien Gewand
  • 2014: Mir feiren eis 30 Joer
  • 2014: Den Verein get eng ASBL an krit seng iwerschaften Statuten

Mir sinn Member vun der UGDA, an an der Entente vun den Clausener Vereiner

Vieleicht gesinn mer eis jo engkeier a Clausen den nexten Termin ass schon virzemirken….